(C) Fondation Cancer

Am Fall wou de Kriibs „gestreet” huet gëtt d’Behandlung méi komplizéiert. Mat Ënnerstëtzung vun der Fondation Cancer siche Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg no Léisungen. 

Am Fall wou de Kriibs „gestreet” huet a sech Metastasë gebilt hunn (nei Tumeuren op anere Plaatzen am Kierper) gëtt d’Behandlung vum Patient méi komplizéiert, well et dacks keng Méiglechkeet méi gëtt d’Tumeuren erauszeschneiden oder duerch Radiotherapie ze eliminéieren. De Patient muss da mat Medikamenter behandelt ginn. 

Well traditionell Medikamenter (Chemotherapie) awer och gesond Zellen ugräifen an dofir vill Niewewierkungen hunn, investéiert d’Kriibsfuerschung immens vill Energie an Zäit fir cibléiert Therapien ze fannen, deenen hiert Zil et ass just d’Kriibszelle geziilt futti ze maachen ouni dobäi deene gesonden Zellen ze schueden.

Et muss ee wëssen, dass Metastasë responsabel si fir iwwert 90 % vun den Doudesfäll bei Kriibspatienten an dofir ass et onheemlech wichteg sou cibléiert Therapien ze entwéckelen.

E Fuerschungsprojet vun der Dr. Elisabeth Schaffner-Reckinger op der Universitéit Lëtzebuerg wëll dozou baidroën, eng gëeegent cibléiert Therapie fir Broschtkriibs-Patientinnen ze bestëmmen. Broschtkriibs ass deen heefegsten an och deen déidlechste Kriibs bei Fraen hei am Land.

E wichtegt Zil ass d’Identifikatioun vu Biomarqueuren

Am Kader vun der Recherche no cibléierten Therapieméiglechkeeten, ass e grousst Zil vun der Kriibsfuerschung hautzedaags d’Identifikatioun vu Marqueuren déi hëllefe virauszegesi wéi e bestëmmte Patient op ee bestëmmtent Medikament usprécht. Dës Marqueure si sougenannte "Predictive Biomarkers", déi de Wee virbereede fir eng individualiséiert, op de Patient zougeschnidde cibléiert Therapie. Oft sinn des Marqueure Proteinnen am Kierper, deenen hir Quantitéit oder Aktivitéit een op eng bestëmmten Art a Weis moosse kann. 

Déi Protein op där d’Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg schaffen, heescht L-Plastin. Wann d’L-Plastin a Kriibszelle virkënnt, ass hir Präsenz an hir Verännerung duerch eng sougenannten Phosphoryléirung1 dacks verbonne mat engem aggressive Verhale vun de Kriibszellen. Dës Zelle si capabel fir Invasioun ze maachen (also fir aus der Broscht an aner Gewebe ze wanderen) a Metastasen ze bilden.

Dëse Fuerschungsprojet huet als Zil di phosphoryléiert L-Plastin als e "Predictive Cancer Biomarker" ze etabléieren - also ee Marqueur, deen viraussoë kann, wéi de Kriibs sech entwéckele kéint. Dofir ënnersichen d’Fuerscher ob et e Lien tëscht der Phosphorylatioun vun der L-Plastin an der Deregulatioun vu verschiddene Kommunikatiounsweeër gëtt. Am Fall wou esou e Lien besteet, gëtt d’L-Plastin als Predictive Cancer Biomarker-Kandidat an enger grouss ugeluechter klinescher Analys weider getest.

D’Zil ass, duerch d’Determinatioun vum Phosphoryléirungsszoustand vun der L-Plastin an den Tumeure vu Broschtkriibspatientinne, viraussoen ze kënnen, wéi eng Kommunikatiounsweeër dereguléiert sinn a musse blockéiert ginn, fir de Kriibs ze bekämpfen a Metastasen ze verhënneren. Esou wëllt d’Equipe vum Dr. Schaffner-Reckinger dozou bäidroen eng gëeegent cibléiert Therapie fir all eenzel Patientin ze bestëmmen.

250.000€ fir d'Broschtkriibs-Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg

Zur Ënnerstëtzung vun dësem Fuerschungsprojet hunn den Dr. Carlo Bock, President vun der Fondation Cancer an d’Lucienne Thommes, Direktesch, an der Präsenz vum Prof. Ludwig Neyses, Vizerektor fir Fuerschung op der Universitéit Lëtzebuerg, den 18. Januar 2017 e Scheck an der Héicht vun 250.000 € un d’Fuerscherin Dr. Elisabeth Schaffner-Reckinger iwwerreecht. 

1Phosphoryléirung: Eng oder méi Phosphatgruppe ginn u bestëmmten Aminosaier (Bausteng vun de Proteinnen) gehaangen.

Auteur: Fondation Cancer
Photo: Fondation Cancer

 

 

Infobox

La Fondation Cancer: fir Iech, mat Iech, duerch Iech

1994 zu Lëtzebuerg gegrënnt, setzt d’Fondation Cancer sech säit iwwer 20 Joer am Kampf géint de Kriibs an. Nieft Informatiounen iwwer Präventioun, Fréierkennung a Liewe mat Kriibs besteet eng vun hire Missiounen dodran, Patienten an hir Prochë mat villfältegen Offeren z’ënnerstëtzen. De Finanzement vu Fuerschungsprojete ronderëm d’Thema Kriibs ass e weidere wichtege Volet vun de Missioune der Fondation Cancer, déi all Joer dat grousst Solidaritéitsevenement ‘Relais pour la Vie’ organiséiert. D’Missioune vun der Fondation Cancer kënnen nëmmen dank der Generositéit vun hire Spender erfëllt ginn. Wann och Dir d’Fuerschung ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir Är Spend op de Konto vun der Fondation Cancer iwwerweisen: CCPL IBAN LU92 1111 0002 8288 0000 oder Online op www.cancer.lu

Auch interessant

SCIENCE CHECK Ziel mir keng: Wie schlimm sind Antibiotikaresistenzen?

Es gibt weltweit immer mehr Bakterien, die resistent gegen Antibiotika sind. Wieso entstehen Resistenzen? Wie ist die Si...

FNR
Science-Check Sind Antibiotikaresistenzen in Luxemburg unter Kontrolle?

Der übermäßige Gebrauch von Antibiotika hat zu einer besorgniserregenden Zunahme resistenter Bakterien geführt. Haben di...

FNR
Porträt „Eine Errungenschaft für Luxemburg und unsere Forschungsgruppe“

Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health (LIH) wurden mit einem Prix Galien für ihren herausragenden Beitrag z...

LIH

Auch in dieser Rubrik

Handy in Schule
Screentime Smartphone-Verbot in Schulen: Was ist der Stand der Wissenschaft?

Sollen Sekundarschulen Handys in Klassenraum und Pausenhof verbieten oder nicht? Das diskutieren Eltern, Lehrer, Schüler und Politik in Luxemburg und weltweit. Ein Blick auf den Stand der Forschung.

Demenzerkrankungen Alzheimer: Wo steht die Wissenschaft?

Sie beginnt schleichend und ist bisher nicht heilbar: die Alzheimer-Krankheit. Prof. Dr. Michael Heneka, Direktor des Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, über Forschungsstand und Therapien.

Nobel Prize in Medicine 2024 Research in Luxembourg on the topic of microRNAs

Dr. Yvan Devaux from LIH works on the theme of the Nobel Prize awarded today to two American researchers for their work on microRNAs. He explains the importance of the discovery and his own research....

LIH
Sportwissenschaft Wie können Spitzensportler ihre Leistung steigern?

Es geht auch ohne verbotene leistungssteigernde Medikamente – z. B. mit Hitze, Kälte und Höhe. Frédéric Margue erklärt, wie ein Team am LIHPS Spitzensportler aus Luxemburg unterstützt.