(C) JacobSt/Shotshop

Wie gouf scho mol operéiert a krut eng Blutttransfusioun? Wee kennt een, dee mat Kriibs geheelt gouf? Dëst si just 2 Beispiller vu villen, wou medezinesch Fortschrëtter mat Hëllef vun Déiereversich erreecht goufen. Op déi meescht Errongenschafte wéilte mer haut wuel kaum méi verzichten.

Kengem – och kengem Wëssenschaftler – maachen Déiereversich Spaass.

Ma wa mer medezinesche Fortschrëtt weiderhi wëllen, si mer an engem moraleschen Dilemma:

Engersäits hu mir Mënschen a Wëssenschaftler eng moralesch Verflichtung, fir d’Rechter vun den Déieren ze schützen. Anerersäits wëlle mer nei Therapie eréischt dann um Mënsch ausprobéieren, wann mer  mat beschtem Gewësse kënne soen, se wiere wierksam an onbedenklech.

Dat ultimatiivt Ziel ass, fir un Alternativen ze fuerschen, fir dass mer keng Déiereversich méi brauchen.

An dësem Gebitt ginn et och scho vill Fortschrëtter, och hei zu Lëtzebuerg. Um Luxembourg Centre for Systems Biomedecine hu Fuerscher z.B. eng Aart kënschtlechen Daarm entwéckelt. Dësen erlaabt et Experimenter  duerchzeféieren, an engem ähnlechen Ëmfeld wéi an engem liewegen Organismus.

Ma et ginn awer nach vill Fäll wou d’Alternativen zu den Déiereversich net fiabel genuch sinn. An hei gëllt, dass d’Wëssenschaft sech selwer streng Reegele gëtt. An dat ass och de Fall!

Streng Reegele fir Déiereversich

Déiereversich sinn nëmmen erlaabt, wann et dofir e vertrietbaren Notzen a keng alternativ Methode gëtt. Zanter 2013 ass et z.B. an Europa net méi erlaabt Déiereversich fir Kosmetik duerchzeféieren.

Ausserdeem gëllt an der Wëssenschaft d’Reegel vun den 3 R: Replace, reduce, refine. Wa méiglech sollen Déiereversich ersat ginn duerch alternativ Methoden. Wann dat net méiglech ass, soll d’Unzuel un Déieren sou wäit wéi méiglech reduzéiert ginn. A schliisslech sollen d’Liewensbedingunge vun den Déiere sou angenehm wéi méiglech gestalt ginn – wat alles duerch eng EU-Direktiv diktéiert gëtt.

A wéi ass et zu Lëtzebuerg?

Och zu Lëtzebuerg ginn Déiereversich gemaach, an de Fuerschungsberäicher Kriibs, Nervesystem, Immunsystem an Häerzkreeslafsystem. D’Déieren déi hei agesat gi, sinn ausschliisslech Mais, Raten an Zebrafësch. D‘Fuerscher musse fir all Projet deen Déiereversich involvéiert, eng Erlaabnis vum Ministère de l’Agriculture an dem Ministère de la Santé kréien.

D'Ministère kontrolléieren, ob d’Déiereversich wierklech néideg sinn, an ob d’Virgabe vun der EU Direktiv agehale ginn. Virdrun evaluéiert och schonn en Ethikcomité um Fuerschungsinstitut de Projet a steet de Fuerscher mat Rot zur Säit.

All des Reegele weisen: Och de Wëssenschaftler läit d’Wuel vun den Déieren um Häerz. A si sinn sech dem moraleschen Dilemma wuel bewosst. Wéi ugangs gesot ass et elo d’Ziel laangfristeg Déiereversich duerch alternativ Methoden ze ersetzen. Ob a wéini dat wäert méiglech sinn, bleift ze gesinn. An der Tëschenzäit gëllt et,oppen iwwer Déiereversich ze kommunizéieren. Dofir och dese Bäitrag.

Wann der méi wëllt wëssen iwwert Déiereversich, da liest eise science.lu-Special iwwer Déiereversich:

science.lu-Special 1: Weshalb werden Tierversuche überhaupt durchgeführt?

science.lu-Special 2: Ist Kritik an Tierversuchen berechtigt?

science.lu-Special 3: Tierversuche - ja oder nein?

Auteur: FNR
Foto © JacobSt/Shotshop.com

 

 

Auch interessant

Researchers at School 2024 Fuerscher ginn zréck an d'Schoul!

Bei der Aktioun "Researchers at School", déi vum 11. bis den 15. Mäerz 2024 stattfënnt, léiere Lycéesklasse Fuerscher a ...

FNR
Gesundheit Welche Auswirkung hat die Trennung der Eltern auf das Körpergewicht ihrer Kinder?

Forscher aus Luxemburg und London haben festgestellt: Nach einer Trennung der Eltern steigt der Body-Mass-Index (BMI) de...

EU-Austritt Großbritanniens Welche Folgen hat der Brexit für die Europäische Forschung?

In der EU zählt Großbritannien zu den wichtigsten Forschungspartnern. Entsprechend besorgt ist die Wissenschaft mit Blic...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Nutzen für die Gesellschaft Was bringt uns die Raumfahrt?

Vor 67 Jahren hat Sputnik1 das Tor zum Weltall aufgestoßen. Seitdem ist die Menschheit eine raumfahrende Spezies. Was hat uns der Vorstoß ins All bisher gebracht? Und was erwartet uns noch da draußen...

FNR
SCIENCE CHECK Ziel mir keng: Fake News widerlegen

Weshalb fallen wir auf Fake News und Falschinformationen rein? Lohnt es sich sie zu widerlegen? Und falls ja, wie macht man das am besten?

FNR
Science-Check Ziel mir keng! - Unfruchtbarkeit: Ursachen und Statistiken

Nimmt Unfruchtbarkeit zu? Wie viele Menschen trifft es? Eher Frauen oder eher Männer – Stichwort „Spermakrise“? Und was sind jeweils mögliche Gründe? Das sind Themen in diesem "Ziel mir keng!"-Video.

FNR, CHL