
(C) science.lu
En Elephant ka vill Kaméidi maachen. E Mënsch och: Laut Guiness-Buch der Rekorde läit de Rekord bei 129 Dezibel, déi e Mënsch gebläert huet – dat ass sou haart wéi e Rock-Koncert.
Ma all dat ass näischt géint de Blowal: wann hie séngt oder mat séngen Artgenosse kommunizéiert, erreescht hien eng Lautstäerkt vu bis zu 188 Dezibel. Soumadder ass hie bei wäitem dat haartste Liewewiesen op der Welt.