Linkshänder

Adobe Stock

Et ass net ganz einfach anzeschätzen, wéi vill Mënsche Riets- oder Lénkshänner sinn. Muncheree schreift z. B. mat riets, benotzt awer déi lénks Hand fir aner Aufgaben oder ëmgedréint.

Mr. Science, ee vu menge Bouwe schreift, ësst a benotzt Geschier mat der lénkser Hand. Déi aner zwee si Rietshänner. Wéi kënnt et eigentlech, dass déi meescht Leit léiwer déi eng oder déi aner Hand benotzen?

D’Wëssenschaft geet dovun aus, dass dat eng Zort Energiespuerprogramm vum Gehier ass. D’Gehier verbrauch déi meeschten Energie am mënschleche Kierper. Denkaufgaben ewéi Schwätzen oder Schreiwe brauche vill Energie a ginn net am ganze Gehier verschafft, mä a bestëmmte Gehierregiounen.

Déi meescht Rietshänner denke Sprooch an der lénkser Gehierhallschent. Dësen Deel vum Gehier ass fir d’Steierung vun der rietser Kierperhallschent zoustänneg. A well Schreiwen enk mat dem Verschaffe vu Sprooch verbonnen ass, schreiwen dës Persounen och mat der rietser Hand.

A wéi entscheet sech, ob ee Riets- oder Lénkshänner gëtt?

Dat huet vill Ursaachen – an d’Fuerschung huet dës Fro nach net definitiv gekläert. D’Geene spillen op jiddwer Fall eng Roll. D’Fuerschung schreift hinnen awer just en Undeel vun zirka 25 Prozent zou. Dass d’Geenen net eleng d’Ursaach sinn, dass eng Persoun Lénks- oder Rietshänner ass, kann een un eeneeëgen Zwillingen erkennen: Hiert Ierfmaterial ass zwar quasi identesch, mä et ginn trotzdeem eeneeëg Zwillingen, bei deenen deen ee Rietshänner an deen anere Lénkshänner ass.

A wat ass laut der Fuerschung niewent de Geenen nach eng méiglech Ursaach fir Riets- oder Lénkshännegkeet?

Ëmweltaflëss spillen eng wichteg Roll. Dat kann zum Beispill den Hormonmix am Kierper vun der schwangerer Mamm sinn oder Stress wärend der Schwangerschaft. Wärend der embryonaler Entwécklung hunn esou Facteuren Afloss op d’Epigeneetik. Dat ass méi en héije Kontrollniveau vun der geneetescher Aktivitéit. An dee blockéiert dann zum Beispill d’Ofliese vu Geenen – obwuel dës eigentlech aktiv sinn.

Komplikatioune wärend der Gebuert oder dat soziaalt a kulturellt Ëmfeld duerno kéinten och eng Roll bei der Entwécklung zum Riets- oder Lénkshänner spillen. Allerdéngs ginn et awer och däitlech Hiweiser, dass dës Eegenschaft scho ganz fréi an der Embryonalentwécklung festgeluecht gëtt. Ofschléissend Äntwerten huet d’Wëssenschaft also nach net – dowéinst bleift et grad bei dësem Theema esou spannend an der Fuerschung.

Weider interessant Infoen iwwer Riets- a Lénkshänner

 

  • Et ass net ganz einfach anzeschätzen, wéi vill Mënsche Riets- oder Lénkshänner sinn. Muncheree schreift z. B. mat riets, benotzt awer déi lénks Hand fir aner Aufgaben oder ëmgedréint. Dobäi kënnt, dass no dem Zweete Weltkrich vill Lénkshänner gezwonge goufen, mat riets ze schreiwen. Déi bescht Schätzung ass allerdéngs, dass zirka 10 % vun der Bevëlkerung Lénkshänner sinn.
  • Et gëtt ugeholl, dass zirka 10 % vun de Mënsche keng Preferenz fir déi riets oder déi lénks Hand hunn.
  • Op véier weiblech Lénkshänner komme fënnef männlecher. Fir d’Statistik ass et deemno relevant, dass et e bësse méi Männer ginn, déi Lénkshänner sinn. Firwat dat esou ass, ass nach net gewosst.
  • Et gëtt net en eenzege Geen, deen dofir verantwortlech ass, ob ee Riets- oder Lénkshänner gëtt. D’Wëssenschaft huet aktuell zirka 40 Geenvarianten am Bléck, déi bei der Entwécklung, wéi eng Hand ee preferéiert, eng Roll spillen.
  • Dass Lénkshänner am Duerchschnëtt éischter stierwen ewéi Rietshänner am selwechten Alter ass e Mythos, deen aus schlecht geplangte Studien aus den 80er- an 90er-Jore staamt an 2019 definitiv widderluecht gouf.

Ginn et bei Déiere Riets- a Lénkspatten?

Laang gouf ugeholl, dass just Mënschen eng Preferenz fir déi riets oder lénks Hand hunn. Mëttlerweil huet d’Wëssenschaft awer erausfonnt, dass et dëse Phenomeen och bei Déiere gëtt. Si benotzen zwar net déi riets oder déi lénks Hand – a schreiwe kënne si och net –, mä vill Déiere benotzen eng Patt, e Been oder eng Floss fir komplex Beweegungen. Vun 119 ënnersichte Wierbeldéierenaarte weisen 81 Aarten dëse Phenomeen. Just bei 38 Aarte léisst e sech net noweisen. Allerdéngs ass dëst Verhältnis, ob riets oder lénks preferéiert gëtt, bei villen Déierenaarten net esou kloer ewéi beim Mënsch (zirka 90 Prozent vun all de Mënsche si Rietshänner). Kazen zum Beispill waren an de Studien zu 39 Prozent Rietspatten, zu 36 Prozent Lénkspatten – a 25 Prozent hate keng Preferenz.

 

Am Leeschtungssport ginn et méi Lénkshänner

Stell dir vir, du stees géint e Boxer, deen s du net kenns, am Ring oder du spills géint e Friemen Dëschtennis – an däi Géigner ass Lénkshänner. D’Iwwerraschung dierft grouss sinn, wann eng riicht Lénks op dech nidderdonnert. Oder d’Smashe mat lénks geschloe ginn. Warscheinlech gees du als Rietshänner mat Sang a Klang ënner. Lénkshänner hunn a Sportaarten ewéi Dëschtennis, Tennis oder Boxen e kloren Avantage – also iwwerall do, wou mat den Hänn oder mat Bäll, déi geworf oder geschloe ginn, géintenee gekämpft gëtt. De Géigner ka sech op dës Beweegungen, déi him éischter onvertraut sinn, net esou gutt astellen. Bäll, déi mat lénks geheit oder geschloe ginn, rotéieren an déi aner Richtung ewéi Bäll vu Rietshänner. Eng riicht Lénks huet de rietshännege Boxer net am Bléck. Seng Reflexer versoen an hie kasséiert iwwerméisseg vill Streech. Dowéinst ginn et am Spëtzesport – am Verglach zu der normaler Bevëlkerung – iwwerproportional vill Lénkshänner. Beim Cricket sinn iwwer 20 Prozent vun de Bowler Lénkshänner, beim Baseball esouguer gutt 30 Prozent. An am Dëschtennis hunn zirka 25 Prozent vun de Proffien d’Rackett an der lénkser Hand. Fir dësen Effet ze miniméieren, gëtt den Trainere recommandéiert, onbedéngt Lénkshänner an den Training anzebezéien.

    Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
    Redaktioun: Michèle Weber (FNR)

    Infobox

    Auch interessant

    Schlummertrunk Firwat mécht roude Wäin éischter midd?

    Dacks geet ee Glas vun deem rubinroude¨n, schwéiere Wäin duer, a scho kënnt de Mann mam Hummer. Firwat ass dat sou?

    FNR
    D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet Ass Sperma gesond?

    Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et gesond, de Sperma ze sc...

    FNR
    Wissenschaftlicher Kenntnisstand Welche gesundheitlichen und sozialen Folgen hat der Freizeitkonsum von Cannabis?

    Zusammenfassung der wissenschaftlichen Erkenntnisse über die Folgen von psychoaktivem Cannabis auf das körperliche, psyc...

    FNR