© Wikimedia

Mr. Science, wéi ass dat geschitt?

Do sinn zwee Neutronestäre matenee verschmëlzt.

An?

Jo, dat klengt net besonnesch spannend. Et gëtt awer wierklech verréckt, wann ee versicht, sech virzestellen, wat do wierklech geschitt ass. Déi Neutronestären haten alle béid ongeféier 20 Kilometer Duerchmiesser.

Also sou wéi vu Beetebuerg bis op Luerenzweiler?

Zum Beispill. A se sinn onfassbar schwéier: En Téiläffel dovu géif bei eis op der Äerd 1 Milliard Tonne weie – oder ëmgerechent em déi 200 Milliounen Elefanten.

Dat wëll een sech net an den Téi kippe …

Dës Neutronestären hunn sech ëmkreest, du sinn se anenee gekraacht, wat eng Aart intergalaktesch Biewen ausgeléist huet. Dat kënne Fuerscher säit 2015 duerch Gravitatiounswelle moossen, déi dobäi entstane sinn. Knapp 2 Sekonne méi spéit ass dunn déi gesamte Matière an enger onbeschreiflech gigantescher Explosioun erëm ausernee geflunn.

Astronomen hunn dunn och gespaant hier konventionell Teleskopen op d'Platz vum Event geriicht a konnte feststellen, dass béi dëser Explosioun ënner anerem Gold entstanen ass. Si huelen un, datt dovun ongeféier 200mal sou vill Gold an de Weltall geschleidert gouf, wéi eis gesamt Äerd weit.

Wéi kennt een do drun?

Dat ass alles iwwert eng Trilliard Kilometer vun eis ewech geschitt.

Schued...

Oder och gutt, well bei sou engem Knuppert wëll een net an der Géigend sinn. D’Wëssenschaftler hu schonns laang ugeholl, dass sou Gold entsteet, mee elo kënnen se fir d’éischte Kéier noweisen, dass se richteg geleeën hunn. Bei sou engem oder ähnlechen Evenementer ass all d’Gold am Universum entstanen, och dat, aus deem eis Reng an eis Bijoue sinn.

Dëst Edelmetall kënnt engem elo nach méi besonnesch fir…

Gläichzäiteg ass awer och Bläi entstanen an aner schwéier Elementer. Déi liicht Elementer, wéi Sauerstoff oder Kuelestoff, déi fir d’Liewen sou wichteg sinn, sinn an e bëssen anere Prozesser entstanen. An zwar a Stäre bannendran, déi dunn allerdéngs och explodéiert sinn. Nëmmen de Waasserstoff gouf et direkt bal um Ufank vum Universum. Deen mëscht awer an eisem Kierper zum Beispill, just knapps en Zéngtel vun eisem Kierpergewiicht aus. De Rescht ass an de Stären an enormen Explosiounen entstanen.

Erstaunlech.

Jo, dofir ass Fuerschung sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

 

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

 

 

 

Auch interessant

Perseide 2023 Höhepunkt des sommerlichen Sternschnuppenregens

Die Perseiden können jedes Jahr im Juli und August beobachtet werden. Dieses Jahr sind die meisten Sternschnuppen zwisch...

FNR
SnT Partnership Day Bewährte Schnittstelle zwischen Forschung und Anwendung

Das SnT der Uni Luxemburg gehört inzwischen zu den weltweit bedeutendsten Forschungszentren für Software-Entwicklung. Ei...

SnT
Ultraleicht und extrem belastbar Entwicklung und Erprobung neuer Strukturen für Bauteile in der Luft- und Raumfahrt

Je schwerer ein Produkt für den Weltraum ist, desto teurer ist auch der Transport. Genau dort setzt das neue gemeinsame ...

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR