
Shotshop
Science.lu huet Froen zum Thema Wëssenschaft un all d’lëtzebuerger Parteie geschéckt, déi an deene 4 Bezierker fir d’Walen 2018 kandidéieren. An eiser Série „Walen 2018 – Positioune vun de Parteien zur Wëssenschaft“ publizéiere mer d’Äntwerten vun de jeweilege Parteien déi geäntwert haten. Hei de geneeë Wuertlaut vun der éischter Fro:
Selon [le] dernier sondage représentatif réalisé début 2017 [par le Fonds National de la Recherche], 77% de la population estiment que le Luxembourg doit investir dans la recherche scientifique. De plus, le Luxembourg, en raison de sa taille (et donc de son incapacité à couvrir tous les domaines de sorte à avoir une masse critique partout), a fixé des domaines stratégiques de recherche. Quelle est la position de votre parti par rapport à la recherche scientifique en général et aux domaines prioritaires en particulier ?
Zur Bedeitung vun der Fuerschung
Allgemeng sinn d’Parteien der Meenung, dass wëssenschaftlech Fuerschung eng wichteg Roll an eiser heiteger Zäit spillt, souwuel fir d’Wirtschaft wéi och fir d’Gesellschaft an eis Ëmwelt.
Oder am Wuertlaut vun de Parteien:
déi Lénk sinn der Meenung, dass Fuerschung eng Schlësselroll spille kann, fir den ökologeschen an de wirtschaftleche Wandel am Land vierunzedreiwen.
Fir d‘ADR ass wëssenschaftlech Fuerschung eng Chance fir eis Wirtschaft, vläit souguer déi eenzeg mat Bléck op déi kleng Gréisst vun eisem lëtzebuerger Territoire. An ass der Meenung dass Fuerschung eng wichteg Roll spillt an der aktueller Diskussioun em de Wuesstum. Fuerschung kann eng Source fir Wuesstum sinn, déi dobäi déi vill Desavantage vum Développement vum Service-Secteur oder der industrieller Produktioun evitéiert. A kënnt zur Konklusioun: An enger Welt déi sech nei erfanne wëll an mat Hibléck op déi vill Erausfuerderungen déi den Développement durable mat sech bréngt, wärten d’Zukunftsléisungen forcément vun der Recherche kommen.
Fir d’DP da sinn Investitiounen an d’Fuerschung an Innovatioun net nëmmen e Schlëssel zu enger besserer ekonomescher Kompetitivitéit, mä och wesentlech fir déi gesellschaftlech Kohäsioun am Land ze stäerken. D’DP ënnersträicht dobäi, dass ënnert dem delegéierte Minister fir Fuerschung Marc Hansen déi finanziell Mëttel substantiell gehéicht goufen an sech d’DP an de leschte Jore staark gemaach hätt fir de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ze fërderen an am Ausland ze promouvéieren.
D’LSAP ënnerstëtzt jiddfer Fuerschungsstrategie, déi zur Entwécklung vu Wëssen, zum gesellschaftleche Fortschrëtt, zum Développement vu wirtschaftlecher Plus-Value a schliesslech zum Développement vu Spëtzentechnologieë féiert.
An d’CSV seet, dass et fir sie eng politesch Prioritéit bleift, fir konsequent an d’Fuerschung an d’Recherche z’investéieren mat dem Ziel fir Lëtzebuerg als Exzellenzsite ze consolidéieren.
Zu de lëtzebuerger Fuerschungsprioritéiten
Wat d’Fuerschungsprioritéiten ugeet, sinn sech d’Parteien all eens, dass et wichteg ass fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg, fir net an all Domaine aktiv ze sinn – mat Ausnahm vun déi Lénk, déi der Meenung sinn, dass een duerch méi Kollaboratioune mat auslännesche Fuerschungsinstitutiounen/Unien kéint a méi Beräicher aktiv sinn. De Konsens bei deenen anere Parteien: Et wier einfach net méiglech fir an all Domaine eng kritesch Masse opgebaut ze kréien, fir op internationalem Niveau kënne matzehalen. Déi grouss Fro ass dann, op wéi eng Domainer Lëtzebuerg sech soll konzentréieren.
Aktuell sinn d’lëtzebuerger Fuerschungsprioritéiten des hei:
- Biomedezin
- ICT (Informatiouns a Kommunikatiounstechnologien)
- Materialwëssenschaften
- Nohaltegkeet
- Gesellschaftlech Erausfuerderungen (Méisproochegkeet, Aarbechtsmarché an der Groussregioun, Mobilitéit, Identitéit, Educatioun…)
Des Fuerschungsprioritéite goufen 2006/2007 an engem grousse sougenannte „Foresight“-Exercice vu Fuerscher, Politiker a Leit aus der Gesellschaft zesummen definéiert. Ma déi eenzel Institutiounen hunn awer nach emol zum Deel eege Prioritéiten. Sou huet d’Uni Lëtzebuerg z.B. nach e staarke Fokus op Droit, Ekonomie, Finanzen oder Mathé.
Wat denken da lo d’Parteien iwwert déi eenzel Prioritéiten?
Fir déi gréng sinn d’Domainer „Societal Challenges“ a „Sustainable Resource Management in Luxembourg“ besonnesch wichteg, vrun allem am Kontext vun den technologeschen a gesellschaftlechen Transitiounen am Beräich vun der Energie an dem Transport wéi och am Kontext vun der demographescher Croissance zu Lëtzebuerg. Wat de Beräich Finanzen ugeet wéilten déi gréng e méi grousse Fokus op gréng an nohalteg Finanze leeën.
D’DP ass der Meenung dass de Schwéierpunkt an den nächste Jore sollt an den innovative Secteure leien, wéi an der Kreativwirtschaft, dem ICT, der FinTec an der Biomedezin – wëll Lëtzebuerg sech grad an deene Secteure schonns e Viersprong par rapport zum Ausland konnt erschaffen.
Fir d’CSV sollten d’Informatiounstechnologien, d’Kommunikatioun am Espace, d’Cybersecurity, d’Biomedezin, d’Educatioun an d’Finanzen déi Haaptberäicher bleiwen.
D’LSAP ass der Meenung dass déi bestehend Prioritéite sollte reévaluéiert ginn. Net fir déi al komplett op d’Kopp ze geheien, ma fir d’Prioritéiten z’affinéieren an/oder d’Unzuel u Prioritéiten ze erhéijen.
Den ADR betount dass et net realistesch wier, zevill Fuerschungsberäicher ze fuerderen oder eng Recherche déi total vu prakteschen oder wirtschaftleche Contrainte befreit ass. Ma ass awer der Meenung, dass de Prozess wéi des Prioritéiten opgestallt ginn, muss adaptatif, innovativ, flexibel, „répondant“, transparent a wëssenschaftlech sinn, an net zevill politesch. Wann dat de Fall ass, wier desen „Dirigisme dicté par la réalité luxembourgeoise“ fir sie akzeptabel. Par contre betount d’ADR dass sie un d’Fräiheet vum Fuerscher gleewen. Ma gläichzäiteg feststellen, dass Fuerschung duerch wuessend finanzell Besoinen a politesch à priorien verkümmert, z.B. am Beräich vun der Klimawandel-Fuerschung an der Presentatioune vun entspriechende Resultater. Sie gesinn op laang Dauer eng Gefor: „Sur la durée, l’orientation en amont de la recherche négligeant des hypothèses politiquement impopulaires ou peu confortables peut s’avérer dangereuse.“
Fir déi Lénk sollt Fuerschung, amplaatz en Optimiséierungs-Instrument am Intérêt vu puer Entreprisen ze sinn, un der Definitioun vun den Zukunftspolitike participéieren am collectiven Intérêt vun de lëtzebuerger Résident’en an der Région Transfrontalière. Déi Lénk bedaueren et dass d’Human- a Geeschteswëssenschaften déi leschte Plaatz anhuelen ënnert de Prioritéitsaxen zu Lëtzebuerg. D’Argument dass d’Uni Lëtzebuerg wéint sénger Gréisst a Mangel u Masse Critique net kéint an all Domaine aktiv sinn, halen sie veraalt a proposéieren eng besser transfrontalière Zesummenaarbecht. D’Uni Lëtzebuerg, am Zentrum vun Europa, sollt aus sénger geopgraphescher Situatioun an aus séngem Multilinguismus en Avantage schloen fir international Partenariater mat renomméierten europäeschen Unien anzegoen an da progressiv séng Etude-Offer an Associatioun mat deene Partnerunien erweideren.
Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Déi vollstänneg Äntwerte vun alle Parteien déi beim Questionnaire matgemaach hunn fannt der hei:
Quelle est la position de votre parti par rapport à la recherche scientifique en général et aux domaines prioritaires en particulier ?