STECKBREIF

  • Numm:  Matthieu Hoffmann
  • Alter: 19
  • Schoul: Lycée du Nord
  • Hobbyen: Videoe maachen, Bastelen; Vëlo fueren; Seegeln...
  • Am beschte bei: Mathematik; Rubik's Cube
  • Liblingsfach: Informatik
  • Motto: Kommunikatioun ass alles!

 

 

No der Allerhellegevakanz, un engem Sonndeg Owend, ass de Matthieu mam Zuch aus dem Norden op Esch-Belval gefuer, fir déi aner iwwreg gebliwwe Kandidaten aus der éischter Science Challenge Show vu Lëtzebuerg erëmzegesinn.

Hien huet an enger Jugendherberg geschlof a sech iwwert d’Liewe gewonnert: den nächste Moie wäerte seng Matschüler erëm op der Schoulbänk sëtzen, awer hie wäert viru lafender Kamera eng wëssenschaftlech Aufgab léise mussen. E komescht Gefill!

De Matthieu ass e ganz engagéierten a soziale Mënsch. Hien huet op sengem YouTube-Kanal schonn iwwer 10K Follower, a verëffentlecht neierdéngs och Take Off-Reaktiounsvideoen.

Wéi huet dir d’Show gefall?

„Am Grousse Ganzen huet mir Take Off ganz gutt gefall. Wann ech un d’Challengen zeréckdenken, iergeren ech mech allerdéngs iwwer mech selwer, well ech et an deem Moment kaum genéisse konnt. Dobäi war et déi verrécktste Geleeënheet, fir all déi Saachen auszeprobéieren, déi ech schonn ëmmer maache wollt!“

De Matthieu huet och d‘Stëmmung um Set immens genoss.

„Kandidaten a Membere vun der Crew treffen sech nach reegelméisseg an tauschen sech gären aus. Tëscht eis Kandidaten hu mir z.B. ee Meme-Account op Instagram gemaach; do verëffentleche mer reegelméisseg neie Contenu. An all Sonndeg kommentéiere mir déi nei Folleg an eisen Chatgruppen, laache vill, iergeren eis iwwert déi eegen Nidderlagen a freeën eis iwwert de Succès vun aneren. Um Set huet eis Equipe sech richteg gutt verstanen, trotz där enger oder anerer Enttäuschung iwwert eng mësslongen Aufgab. D’Kommunikatioun huet einfach gepasst, an dat huet eis immens wieder gehollef.“

 

 

Häss du geduecht, dass de sou wäit kënns?

„Nee! Ech war am Ufank immens veronséchert. Wou de Joseph mech ugeruff huet firm er ze soen, datt ech an Pre-Casting gepackt hätt, konnt ech et bal net gleewen. Doropshin konnt ech virun der Jury stoen (Note vun der Redaktioun: Joseph, Lucie an dräi aner Membere vum Produktiounsteam), fir si vu menge Fäegkeeten ze iwwerzeegen. Ech hu wärend menger Präsentatioun e Rubik’s Cube an der Hand gehal, deen ech niewebäi léise wollt (de Joseph hat e virdrun duerchmëscht). Ech war awer esou a mengem Tunnel dran, datt ech net méi op meng Fanger opgepasst hunn – bis op eemol d’Lucie geruff huet: „Wow, de Wierfel ass jo geléist!“ Do hunn ech gemierkt, wéi nervös ech eigentlech war.“

De Matthieu huet eng einfach Reegel: wann hien decidéiert, datt him eppes Spaass mécht, da gëtt en ni op. Wann en awer keng Loscht drop huet, da feelt och d’Motivatioun – egal wéi grouss d’Belounung ass. Bei Take Off wollt en definitiv wieder kommen!

 

Wat war deng Liblings-Challenge a firwat?

„Mir hu vill Aufgabe gefall. D’Challenge mat de Matroschka-Poppen fält mer als éischt an: dat war den éischte Gewënn fir eis Equipe – ee ganz gutt Gefill! D’Theaterepisod war och genial. Do hunn ech zwar net gewonnen, awer et war trotzdeem immens knapp.“ (Note vun der Redaktioun: mat Hëllef vu sengem impressionanten Take Off Tank, an deem ee beobachte konnt, wéi eng Miniatur-Tsunamiwell entsteet!)

„An natierlech huet mir och déi Aufgab gefall, mat där ech mech erëm an d’Show zréck gekämpft hunn (Note vun der Redaktioun: Episode 7 – Space): do goung et drëms, deen héchsten Tuerm ze bauen… also eng Prezisiounsaufgab. Mäi war bäi wäitem deen onstabilsten, awer genee sou wéi ech et geplangt hat, huet et och fonktionéiert. Den Tuerm huet gewackelt, awer gehalen! Bësse méi spéit sinn ech allerdéngs nach eng Kéier op de Set gaang, hunn e bësse gefächert an dat ganzt Konstrukt ass direkt zesumme gefall…“

A wéi eng Challenge ass dir besonnesch schwéier gefall?

„E bësse méi spéit an der Show hunn ech mir missten zwee nei Teamkolleegen aussichen. Ech hunn een aus Team Giel an een aus Team Rout gewielt; awer ech hunn direkt gemierkt, datt déi zwee ganz staark Iddien haten, a séier hir eege Léisunge fanne wollten. Doduerch war d’Zesummenaarbecht däitlech méi schwéier, well mir eis op eng Iddi hu missten eenegen a jiddereen seng Iddien duerchsetze wollt. Doropshin hu mir d‘Challenge verluer. Kommunikatioun ass alles.“

 

Wat hues du wärend der Show dobäi geléiert?  

„Mat der Zäit hunn ech geléiert, mat deem Nervekitzel ëmzegoen an d’Kameraen ze vergiessen. Wat ech méi wäit komm sinn, wat ech mech méi un de Kader gewinnt hunn. Enges Daags sinn ech an de Studio gaang an hu geduecht. Wéi schued, datt et esou normal ginn ass, obwuel dach alles esou verréckt ausgesäit! Mat der Zäit léiert een och, sech op d’Aufgaben ze konzentréieren, ouni nëmmen un d’Gewannen ze denken. Natierlech klëmmt doduerch och den Drock, well jidderee gläichzäiteg ëmmer besser, méi roueg, an erfuere gëtt.“

 

Wéi eng Stäerken hunn dir bei der Show wieder gehollef?

„Ech war frou, datt ech a mengem Liewen sou vill gebastelt hunn. Dat war definitiv e Virdeel. Mat Holz ze schaffen, mat Buermaschinnen a soss Handwierksgeschier eng Theorie a Praxis ëmzesetze mécht einfach onheemlech vill Spaass.“

Wat géifs du anere roden, déi iwwerleeën, ob se bei Take Off matmaache sollen?

„Kuckt iech fir d’éischt emol un, wat op ärem Dësch läit. Iddien huet een ëmmer, déi komme séier. Ech wollt ëmmer direkt menger éischter Iddi nogoen, an dat huet sech heiansdo als problematesch erausgestallt. Wann een eng Iddi ouni z’iwwerleeën ëmsetzt, da stellt ee villäicht herno fest, datt et e bessere Wee gi wär – oder datt een net all d’Saachen huet, déi ee braucht. Et muss een sech also am Ufank Zäit huelen, säi Plang genee duerchzedenken.

„Mäin zweeten Tipp ass, sech net vun deenen aneren Equippen an hire scheinbare Fortschrëtter veronsécheren ze loossen. Wann ee Géigner op der Buzzer dréckt, heescht dat nach net, datt en d’Léisung huet. Dat soll keen dovun ofhalen, a Rou weider ze schaffen! Egal wat kënnt, et sollt een seng Iddi duerchzéien.“

 

Wat sinn deng Hobbyen ausserhalb vun de Wëssenschaften?

„Ech dréien a schneide selwer Videoen, zum Beispill iwwert meng Grupp Kolleegen. Ech hunn e YouTube-Kanal a sinn och op TikTok  an Instagram ze fannen. Ausserdeem bastelen ech immens gären. Als Kann hunn ech mir alles Méigleches gebaut, ënner anerem eng richteg Batterie! Déi hunn ech allerdéngs net dierfe behalen.  Am drëtte Schouljoer hunn ech mat e puer Matschüler e Sonnesystem am Moossstaf gebaut – d’Sonn war dräi Meter grouss…“

 

Weess du schonn, wats de herno mol gi wëlls ?

„Ech hunn ëmmer tëscht zwou Méiglechkeete geschwankt: entweder eppes a Richtung Medien, well dat och mäin Hobby ass; oder Wirtschaftsinformatik. Souwuel Wirtschaft wéi Informatik maache vill Dieren op, an d’Mëschung aus deenen zwee interesséiert mech besonnesch.“

 

Autorin: Diane Bertel

Editorin: Lucie Zeches, Michèele Weber (FNR)

Aussi dans cette rubrique

PORTRAIT DES CANDIDATS - SAISON 1 Interview avec Lenny Kakou, candidat à Take Off

C'est un comédien né, et il excelle en philo: pourtant il est arrivé parmi les finalistes de la Take Off Science Challenge Show. Comment? La réponse dans notre interview exclusive avec Lenny Kakou.

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Mars 2024

Que dit la science sur les animaux « hypoallergéniques » ? Quelle est la taille du plus grand scorpion du Jurassique ? : voici les dernières nouvelles scientifiques du Grand-Duché.

PORTRAIT DES CANDIDATS - SAISON 1 Interview avec Karim Pereira, candidat à Take Off

Vous voulez savoir ce qu'il est possible d’accomplir quand on sort des sentiers battus ? Alors lisez notre interview exclusive avec Karim Pereira, candidat de la Take Off Science Challenge Show.

FNR