© ECRAN Project

Klinesch Versich sinn Experimenter, bei deenen d’Vir- an d’Nodeeler vun neien Medikamenter oder Traitementer beim Mënsch getest ginn. Sou Versich mat Mënschen sinn ganz streng geregelt a mussen op eng systematesch a kontrolléiert Aart a Weis duerchgefouert ginn. Dofir sinn klinesch Studien esou deier an och extrem zaitopwänneg: si musse mat ville Patienten duerchgefouert ginn, an definitiv Resultater kommen oft eréischt no Joren eraus. Et ass awer wichteg sou Versich duerchzeféieren fir ze vermeiden, dass Patienten onwierksam oder onnéideg Traitementer kréien.

Dëse Video erkläert déi eenzel Etappen vun engem klineschen Versuch:

1. D’Fuerscher schreiwen ee Plang fir de Versuch an dee muss da vun engem onofhängegen Ethikcomité genehmegt ginn. Den Ethikcomité kontrolléiert, ob dëse Versuch de Patienten, déi dobäi matmaachen sollen, net schueden kann.

2. Patienten ginn vun Dokteren iwwer de Versuch informéiert, a wann se sech bereet erklären matzemaachen, duerch en Zoufallsprinzip an zwou Gruppen agedeelt. Entweder si kréien den neien Traitement, oder si kréien en net. Weder d’Patienten nach d’Dokteren wëssen, a wat fir engem Grupp de Patient ass. Dat ass fir ze vermeiden, dass d’Erwaardungen d’Resultater beaflossen.

3. D’Resultater mussen zum Schluss vun onofhängegen Fuerscher analyséiert ginn, well d’Fuerscher déi d’Iddi fir de Versuch haten duerch hier Erwaardungen erëm d’Resultater kéinten beaflossen.

4. All Versuch muss an aneren onofhängegen Studien mat méi Patienten widderholl ginn.

Et ass wichteg beim Versuch net nëmmen erauszefannen op en neien Traitement wierksam ass, mee och op en de Patienten hier Liewensqualitéit respektiv hier Iwwerliewenschancen sech däitlech verbesseren. Dofir kann esou en klineschen Versuch heiansdo laang daueren, well d’Fuerscher wëssen wëllen, wéi et den Patienten no 5 oder 10 Joer geet.

Leit, déi bei klineschen Versich matmaachen, hëllefen d’Medezin ze verbesseren a kréien och eventuell Zougang zu neien a potentiell besseren Traitementer. Zu Lëtzebuerg këmmert sech den Clinical and Epidemiological Investigation Centre (CIEC) um CRP-Santé em d’Koordinatioun an d’Ofwécklung vun klineschen Versich.

Vum 19.-21. Mee organiséiert den CRP-Santé zesummen mat europäeschen Partner am Kader vum International Clinical Trials Day zu Lëtzebuerg eng grouss Konferenz, bei där Expert’en aus der ganzer Welt iwwer klinesch Fuerschung diskutéieren.

Auteur: Michèle Weber
Video © ECRAN Project

Infobox

International Clinical Trials Day - Konferenz zu Lëtzebuerg

Den 20. Mee ass International Clinical Trials Day an deen gëtt dëst Joer zu Lëtzebuerg gefeiert. Den CRP-Santé organiséiert dofir zesummen mam europäeschen Partner eng grouss Konferenz zum Thema klinesch Fuerschung an der Abtei Neumünster, während där ënner anerem och den ECRAN-Video iwwer klinesch Versich virgestallt gëtt. http://www.crp-sante.lu/Events/Annual-Meeting-ECRIN-ECRAN-Project-Meeting

Luxclin – Klinesch Fuerschung zu Lëtzebuerg

Weider Informatiounen iwwer klinesch Fuerschung an aktuell klinesch Versich zu Lëtzebuerg: www.luxclin.lu

ECRAN

D’Ziel vum EU Projet ECRAN (European Communication on Research Awareness Needs) ass et dem grand public ze erkläeren wéi klinesch Fuerschung funktionéiert a wéi een sech kann dru bedeelegen.
http://www.ecranproject.eu

Science-Check Sind Antibiotikaresistenzen in Luxemburg unter Kontrolle?

Der übermäßige Gebrauch von Antibiotika hat zu einer besorgniserregenden Zunahme resistenter Bakterien geführt. Haben di...

FNR
Porträt „Eine Errungenschaft für Luxemburg und unsere Forschungsgruppe“

Wissenschaftler des Luxembourg Institute of Health (LIH) wurden mit einem Prix Galien für ihren herausragenden Beitrag z...

LIH
Highly Cited Researchers Immer wieder gerne zitiert: Die multidisziplinäre Arbeit von Stéphane Bordas

Es gibt Wissenschaftler, auf deren Arbeiten in Publikationen besonders häufig Bezug genommen wird. Uni-Professor Stéphan...

Auch in dieser Rubrik

Handy in Schule
Screentime Smartphone-Verbot in Schulen: Was ist der Stand der Wissenschaft?

Sollen Sekundarschulen Handys in Klassenraum und Pausenhof verbieten oder nicht? Das diskutieren Eltern, Lehrer, Schüler und Politik in Luxemburg und weltweit. Ein Blick auf den Stand der Forschung.

Demenzerkrankungen Alzheimer: Wo steht die Wissenschaft?

Sie beginnt schleichend und ist bisher nicht heilbar: die Alzheimer-Krankheit. Prof. Dr. Michael Heneka, Direktor des Luxembourg Centre for Systems Biomedicine, über Forschungsstand und Therapien.

Nobel Prize in Medicine 2024 Research in Luxembourg on the topic of microRNAs

Dr. Yvan Devaux from LIH works on the theme of the Nobel Prize awarded today to two American researchers for their work on microRNAs. He explains the importance of the discovery and his own research....

LIH
Sportwissenschaft Wie können Spitzensportler ihre Leistung steigern?

Es geht auch ohne verbotene leistungssteigernde Medikamente – z. B. mit Hitze, Kälte und Höhe. Frédéric Margue erklärt, wie ein Team am LIHPS Spitzensportler aus Luxemburg unterstützt.