(C) Shotshop
Ass d’mental Zuelelinn anescht bei Mathésstudenten?
An enger Studie mat 95 Unistudenten hu mir erausfonnt, dass de Lien tëscht Zuel a Raum méi schwaach ass bei Mathésstudente wéi bei Sproochestudenten, also ëmgedréit wéi bei de klenge Kanner. Mir huelen un, dass dat esou ass, well Studenten, déi ganz vill Erfahrung hu mat Zuelen, eng aner (méi komplex) Zuelevirstellung hunn.
Zum Beispill ass fir si eng Zuel mat méi Fakte verbonnen, 8 ass dann net méi nëmmen éischter riets, éischter grouss a gerued, mee och nach d’Resultat vu √64 an d’Zuel vu Biten an engem Byte. Si kënnen och besser kontrolléieren, wéi eng Aspekter vun der Zuel si fir eng gewëssen Aufgab brauchen a wéi eng net, a wann d’Rauminformatioun net relevant ass, kënnen si déi da besser ausblenden.
Wéi een Afloss hunn d’Exekutivfunktiounen op d’mental Zuelelinn?
73 Fräiwëlleger tëscht 15 a 74 Joer hate bei eiser Studie matgemaach fir ze ënnersichen, wéi d’Zuelen‐Raumverbindung sech iwwert d’Liewen entwéckelt. Mir haten och d’Exekutivfunktioune getest, fir ze kucken, ob dës een Afloss hunn op d’Zuelen‐Raumassociatioun. Hei hu mir fonnt, dass an allen Altersgruppen e staarke Lien tëscht Raum an Zuel besteet.
Dës Verbindung wor haaptsächlech beaflosst duerch eng bestëmmten Exekutivfunktioun, nämlech d’Inhibitioun. Mir hu fonnt, dass, onofhängeg vum Alter, déi Participanten, déi gutt dora waren, onwichteg Informatiounen auszeblenden, eng manner staark Zuel‐Raumverbindung haten, wéi déi, déi dat net esou gutt konnten.
Auteuren/Kontakt: Danielle Hoffmann, Romain Martin, Christine Schiltz, LEARN
Photo © Shotshop.com
Infobox
LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.
Dr Danielle Hoffmann : Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS. D’Danielle ass drun intresséiert, wéi d’Zuelerepresentatiounen sech entwéckelen, wéi Zuele verschafft ginn an a wéi engem Mooss dat net ëmmer bei jidderengem d‘selwecht ofleeft.
Prof. Dr Romain Martin : Professeur op der Uni.lu. De Romain beschäftegt sech mat kognitive Prozesser am schoulesche Kontext. Hien ënnersicht och, wéi de soziodemographeschen Hannergronn an d’Funktiounsweis vum Schoulsystem d’Léiere beaflossen.
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz : Professeur Associée op der Uni.lu. D’Christine erfuerscht an enseignéiert, wéi d’mënschlech Kognitioun sech entwéckelt. Si intresséiert sech besonnesch fir d’Fro, wéi d’Zuelebegrëffer bei Kanner an Erwuessener entstinn a wéi d’Gehir dës Prozesser steiert.
Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS
Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS
EMACS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden