Research Luxembourg
Covid-19 Task Force: Haut ass nees eng Pressekonferenz vu Research Luxembourg, am Livestream hei op science.lu.
D‘Themen:
- Simulatiounen zum Deconfinement: Wat soen se? Wat sinn d‘Hypothesen a Modeller vun de Chercheuren? (Alexander Skupin)
Hei de Rapport vun de Simulatiounen.
- Detailler zum Large-Scale Testing (Ulf Nehrbass, Paul Wilmes)
- Neiste Resultater vun der CON-VINCE-Etüd. Wéivill Leit hunn an der Tëschenzäit Antikierper géint den neiartege Coronavirus? (Rejko Krüger)
- Presentatioun vun der Etüd Coronasteps, wou et drëms geet rauszefannen, ob den neiartege Coronavirus am Oofwaasser vu Kläranlagen ze fannen ass. (Henry-Michel Cauchie)
Du hues déi läscht Pressekonferenze verpasst? Hei de Link zum Replay: