Robert Mann, wolls du scho während dénger Lycées-Zäit an d’Fuerschung goen?

Nee, dat huet sech iwwert d’Jore sou erginn. No méngem Studium an England – engem Bachelor an der Sportswëssenschaft – hunn ech 2 Joer zu Lëtzebuerg als Personal-Trainer geschafft. Ma beemol wollt ech méi wëssen iwwert d‘Mechanismen vun der Fitness an der physescher Aktivitéit. Dowéint sinn ech dunn an Holland gaang, fir e Master an deem Berräich ze maan. Während dem Master hunn ech e Stage am Sportslaboratoire zu Lëtzebuerg gemaach – beim Prof. Daniel Theisen an Dr. Joakim Genin. Dee Stage huet mir super gefall. Duerno gouf et dunn d’Méiglechkeet fir eng Dokteraarbescht bei hinnen ze maachen – un däer ech grad schaffen. Dat wor also net alles vun Ufank un sou geplangt. 

U wat schaffs du da lo konkret de ganzen Dag?

Bei ménger Aarbescht geet et em Verletzungen, déi d’Leit beim Lafe kréien. Méi genee schaffen ech un de biomechanesche Risike vu Lafverletzungen. Ech verbrénge méng Zäit deelweis um Büro an deelweis am Labo, wou mir verschidden Technologien a Probanden testen. Mir hänken z.B. lauter Chippen un Testpersounen a filmen da mat speziellen 3D-Kameraen hier Beweegungen. Da gesi mer ganz genee, wat während der Beweegung geschitt a wéi d’Schanken a Gelenker reagéieren.

Wat ass spannend un dénger Aarbescht?

An der Fuerschung entwéckelen sech d’Saachen dachs ganz séier. A bei mir ass dat och sou: Obwuel ech eng gewësse Struktur a ménger Doktoraarbescht hun, kënnt et ganz oft zu Problemer, wou séier eng Léisung muss fonnt ginn. An dat mëscht d’Fuerschung sou interessant.

A wat ass net sou spannend?

Mir hunn heiensdo Phasen, an deene ganz vill Donneeën mussen traitéiert ginn. Deen Ament ass d’Aarbescht e bëssi monoton.

Wëlls du no déngem Doktorat gäer an der Fuerschung bleiwen?

Mäin Ziel am Ufank wor fir méi Wëssen iwwer Sport a physesch Aktivitéit ze kréien. Wann ech mat méngem Doktorat fäerdeg sin, géif ech gäer dat Wëssen uwenden. Ausserdeem wéilt ech gäer d'Populatioun vu Lëtzebuerg oder soss iergendwou méi beweeglech man. Ech kann awer lo net deefinitiv soen, wat ech an der Zukunft genee wäert man.

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)

Infobox

Kontakt

Robert MANN
Etudiant PhD
Laboratoire de Recherche en Médecine du Sport
76, rue d'Eich
L-1460 Luxembourg
Tél. +352 26970-840
Fax:+352 26970-871
Email: robert.mann@crp-sante.lu
Website: http://www.tipps.lu
Follow us on Twitter  https://twitter.com/#!/TIPPSdotLU
Follow us on Facebook  http://www.facebook.com/pages/TIPPS/156848537728281

Das Magazin Science News

Dieser Artikel erschien im Science NewsScience News ist ein Magazin für junge Leute von 11-18 Jahren und erscheint 5 Mal pro Jahr.

Auch interessant

Researchers at School 2024 Fuerscher ginn zréck an d'Schoul!

Bei der Aktioun "Researchers at School", déi vum 11. bis den 15. Mäerz 2024 stattfënnt, léiere Lycéesklasse Fuerscher a ...

FNR
Gesundheit Welche Auswirkung hat die Trennung der Eltern auf das Körpergewicht ihrer Kinder?

Forscher aus Luxemburg und London haben festgestellt: Nach einer Trennung der Eltern steigt der Body-Mass-Index (BMI) de...

EU-Austritt Großbritanniens Welche Folgen hat der Brexit für die Europäische Forschung?

In der EU zählt Großbritannien zu den wichtigsten Forschungspartnern. Entsprechend besorgt ist die Wissenschaft mit Blic...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Herausragende wissenschaftliche Leistung FNR Awards 2023: Hoffnung auf eine neue Generation von Schmerztherapie

Ein Forschungsteam vom Luxembourg Institute of Health erhielt einen Preis für ihre Entdeckungen, die helfen könnten die Krise der Opioid-Abhängigkeit einzudämmen.

LIH, FNR
Outstanding Scientific Achievement FNR Awards 2023: Ein Modell, um das allergene Potenzial neuer Produkte zu testen

Arno Gutleb vom Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) wurde in der Kategorie "Outstanding Scientific Achievement" für die FNR Awards 2023 ausgewählt.

Outstanding PhD Thesis FNR Awards 2023: Studie über das Mikrobiom bringt Krebsforschung voran

Mina Tsenkova von der Universität Luxemburg wurde in der Kategorie "Outstanding PhD Thesis" für die FNR Awards 2023 ausgewählt.

Gesundheitssystem Luxemburg Inwiefern kann die Gesundheitsökonomie dem Gesundheitswesen helfen?

Welche Herausforderungen und Lösungen sehen Gesundheitsökonomen für unser Gesundheitssystem? Ein Interview mit Prof. Marc Suhrcke (LISER) und Dr. Valérie Moran (LISER, LIH).