© PINS asbl
De Science Summer Splash ass e neien Camp vu PInS asbl. Iwwer 4 Deeg, vum 12.08.-15.08.2018, erwaarden dech flott Aktivitéiten am Beräich vun de Sciencen, vill Sport um Stau an eng gutt Ambiance. Wanns du tëscht 11 a 14 Joer al bass, dann zéck net dech fir de Science Summer Splash 2018 unzemellen. D'Platzen si begrenzt!
De Science Summer Splash ass eng Vakanzekolonie am Norde vu Lëtzebuerg. D'Ziel ass et d'Wëssenschaftskultur op eng einfach, praktesch a witzeg Manéier ze förderen. Während 4 Deeg kënne 25 Jonker vun 11 bis 14 Joer un engem gudde Mix u wëssenschaftlechen, sportlechen a witzegen Atelieren deelhuelen.
All Dag ginn op mannst 2 Atelieren vun 2 Stonnen zum Thema Wëssenschaften oder Sport organiséiert. Dat Ganzt gëtt kombinéiert mat Trëppeltier an anere Fraizaitaktivitéiten wéi z.B. Geocashing, Visiten oder engem Lagerfeier.
Déi 25 Jonker ginn an enger pluridisziplinärer Equipe vun Animateuren a Profesionneller aus der Education an de Wëssenschaften encadréiert. Duerch eng Kollaboratioun mat der base nautique vu Lëltz vum SNJ ass de sportleche Volet och ofgedeckt.
Aschreiwungen
Schreif dech an iwwert den Internetsite vu PINS.
Ooflaaf vun der Umeldung :
Nodems du dech iwwer eist Formular ugemellt hues, kënns du ob eis Umeldungsléscht. Sobaal eis Léscht voll ass, kriss du eng Bestätegungsmail. Et zielt also schnell ze sin, well dei éischt si fier! Dorobs hi schécken mir dir dann e Bréif fier all administrativ Demarchen ze reegelen. GANZ WICHTEG: Du muss erréicht bezuehlen wanns du deng Bestätegung kritt hues! Wann Demarchen a Bezuehlung geregelt sin, da bass du offiziel ugemellt fier de Science Summer Splash!
Méi Informatiounen iwwer PINS asbl op hirem Internetsite.
Kontact: info@pins.lu
Auteur: PINS asbl
Fotoen: PINS asbl