Jean-Paul Bertemes (FNR), MOAST

D'Editioun 2021 fënnt tëscht dem 15. an dem 19. Mäerz statt. Mell deng Klass elo un!

Chercheurs à l'école ass eng Initiative vum Fonds National de la Recherche (FNR) a bitt Schüler*innen a Fuerscher*innen d'Méiglechkeet, mateneen a Kontakt ze trieden. Engersäits fir datt sech d'Schüler e Bild dovu kënne maachen, wat Recherche bedeit an u wat Fuerscher hei am Land alles fuerschen. Anerersäits fir de Fuerscher*innen eng Plattform ze ginn, wou se kënne mat jonke Leit interagéieren. D'Fuerscher*inne verziele vun hirem Alldag an den Erausfuerderungen déi hire Beruff mat sech bréngt.

Dës Aktioun fënnt all Joer am Fréijoer statt. Eng Sessioun kann 50-90 Minutten daueren a kann an den normale Schoulstonnen oder no der Schoul ofgehale ginn. Dës interaktiv Sessiounen riichte sich virun allem u Schüler*innen tëscht 16 an 18 Joer (3e-1ère).

Wéi kann een sech aschreiwen?

D'Editioun 2021 ass vum 15. bis den 19. Mäerz

D'Schoulklasse kënnen sech nach bis den 21. Dezember 2020 ënnert dësem Link aschreiwen.

Wat ass dëst Joer anescht?

D'Editioun 2020 huet leider opgrond vun der aktueller Covid-19-Pandemie missen ofgesot ginn.

Fir dës nei Editioun, hu mer dofir decidéiert 2 verschidde Variante vu Sessiounen unzebidden: eng physesch an eng digital Sessioun.

Méi Informatiounen dozou fënns du am Aschreiwungsformulaire.

 

Nach Froen? Da schreif eis via E-mail op chercheursecole@fnr.lu

 

Auteur: FNR
Redaktioun: Melanie Reuter (FNR)

Étude au Luxembourg et en Suisse Comment, où et pourquoi se produit l’aliénation scolaire

Dans une étude conjointe, des chercheurs des universités du Luxembourg et de Berne ont étudié le développement d’attitud...

Schoulsystem Wat bréngt Sëtzebleiwen an der Schoul?

Fir verschidde Schüler ass den Ofschloss vum Schouljoer batterséiss: si musse redoubléieren. Mee Mr Science, bréngt Sëtz...

FNR

Aussi dans cette rubrique

How Innovative Are You? The 3rd Edition of the Goodyear STEM Student Challenge goes virtual

You and your classmates should create a clever machine intentionally designed to virtually spread a meaningful message onto a large Kniwwelino LED wall in an indirect and overcomplicated fashion.

Concours CanSat Luxembourg
Compétition CanSat Luxembourg Lancez votre satellite ! - un concours pour les élèves du secondaire

Vous êtes élève du secondaire et vous avez envie de construire et lancer un mini satellite ? Alors participer au concours CanSat, qui se déroulera en avril 2021. Inscriptions ouvertes jusqu'au 16.11.

Formations continue ESERO Luxemburg 2020
Transportez l'espace dans votre salle de classe!

À partir d'octobre 2020, ESERO Luxembourg proposera à nouveau des formations continues approuvées par l'IFEN sur le sujet de l'espace pour des enseignants du fondamental et du secondaire (LU/FR).