Lëtzebuerg huet eng zolitt Fuerschung op d’Bee gestallt. Zäit fir deen Know-How och verstäerkt gesellschaftlech ze notzen, ë.a. an der Politik. E Commentaire vum Marc Schiltz, Generalsekretär vum FNR.

Klimawandel, Renteproblematik, Energieversuergung, Gentechnik, Big Data… ëmmer méi bestëmme komplex, fuerschungsintensiv oder héichtechnologesch Beräicher eis Zukunft. Beräicher an deene wëssenschaftlech Expertise eng wichteg Roll spillt – an iwwert déi Politiker musse befannen. Sollte Politiker dobäi net och op den Know-How vun der Fuerschung zréckgräifen?

Kee ka vun engem Politiker verlaangen, dass en an all Domaine en Expert ass. Fir politesch Decisiounen op dem aktuelle Stand vun der Wëssenschaft ze baséieren, brauche si Ënnerstëtzung – musse si kënnen op den Know-How vun Experten zréckgräifen.

Am Ausland, wéi z.B. an England, ass et ganz natierlech, dass Politiker bei Fuerscher ëm Rot froen. Fuerscher versichen och selwer proaktiv Politiker a verschidden Dossieren ze beroden. Och zu Lëtzebuerg gräife Politiker op den Know-How vun Experten zréck. Ma et weist sech, dass den Echange tëscht de Politiker an de Fuerscher hei zu Lëtzebuerg nach an de Kannerschong stécht.

Mir hunn zu Lëtzebuerg an de leschte Joren eng zolitt Fuerschung opgebaut, déi international ëmmer méi renomméiert ass.

Et ass un der Zäit den Know How vun de Fuerscher verstäerkt ze notzen.

Wichteg heibäi ass awer, dass béid Säiten sech nach besser kenneléieren. Wéi funktionéieren déi jeeweileg Prozesser, wat sinn déi jeeweileg Contrainten? An a wéi engen Domainer hu mir iwwerhaapt Fuerscher hei zu Lëtzebuerg? Sou gëtt zu Lëtzebuerg z.B. am Beräich Multilinguismus gefuerscht, wou interessant Erkenntnisser fir de méisproochege lëtzebuerger Educatiounssystem gesammelt ginn. Fuerschung iwwert sozial Ongerechtegkeeten, iwwert den Aarbechtsmaart an der Grenzregioun kënnen wichteg Informatiounen fir d’Gestaltung vun der Wirtschafts- a Sozialpolitik liwweren.

Roll vum Politiker - Roll vum Fuerscher

Wichteg ass awer och, dass béid Säiten hier respektiv Roll kennen an respektéieren. D’Roll vum Fuerscher ass net, politesch Decisiounen ze huelen. Des Verantwortung ass a bleiwt beim Politiker, deen nieft de wëssenschaftlechen Donnéeën natierlech och sozial, budgetär a politesch Aspekter muss consideréieren. D’Roll vum Fuerscher ass och net fir am pejorative Sënn bei de Politiker Lobbying ze bedreiwen. Ma vill méi geet et drëms fir dem Politiker a konkreten Dossieren relevant Fakten zur Verfügung ze stellen an hien am Entscheedungsprozess berodend ze begleeden.

Ressource fir d'Zukunft vum Land: d'Matière Grise vun der Bevölkerung

Mir hun zu Lëtzebuerg kaum nach natierlech Ressourcen. Eis Ressource fir d’Zukunft ass d’matière grise. An et gëllt, dës maximal gesellschaftlech ze notzen. Dozou gehéiert och, den Echange tëscht Fuerscher a Politiker z‘ënnerstëtzen.

Dovunner profitéiere mer schliisslech all: d’Politiker, andeems se Decisioune kënnen huelen, déi op wëssenschaftleche Fakte baséieren. Fuerscher, andeems se de gesellschaftlechen Impakt vun hierer Fuerschung erhéijen. An d’Gesellschaft, andeems den Invest vum Steierzueler maximal genotzt gëtt.

Auteur: FNR

Auch interessant

Genetik Kënnen DNA-Tester eis soen, wou mir hierkommen?

Kann ee mat engem DNA-Test erausfannen, wou seng Vireltere gewunnt hunn?

FNR
Repräsentative FNR-Umfrage Vertrauen der Bevölkerung in die Wissenschaft weiter gestiegen

Wie bewerten die Luxemburger die Rolle der Wissenschaft in der Covid-Pandemie? Wie hoch ist das Interesse an der Wissens...

FNR
Interaktive Konferenz Wie kann man als Bürger seine Umweltbelastung reduzieren?

Am 17. November 2020 findet die nächste interaktive Konferenz „So you think you’re green” statt (online). Diese konzentr...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft 10 spannende Forschungsergebnisse aus Luxemburg – August 2026

Wie wird generative KI in Luxemburg wahrgenommen? Und wie bereitet sich die Wissenschaft auf eine künftige Mondlandung vor? Die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten des Großherzogtums.

Neues aus der Wissenschaft 10 spannende Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Juli 2026

Kann der Klimaschutz Unternehmen helfen, Energiekosten zu sparen? Und setzen soziale Netzwerke Jugendliche unter Stress? Die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten des Großherzogtums.

Neues aus der Wissenschaft 10 spannende Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Juni 2026

Wie lässt sich durch Recycling nachhaltiger Beton herstellen? Und wie kann man künftig die chronische Überlastung der Straßen vermeiden? Die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten des Großherzogtums

Neues aus der Wissenschaft 10 spannende Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Mai 2026

Was sagen die Zahlen über Demenz in Luxemburg? Und wie sind die Arbeitsbedingungen der Beschäftigten im Land? Die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten des Großherzogtums.