Roter Wein

Adobe Stock

De Wäin begleet d’Mënschheet scho säit Joerdausenden. A Georgien goufe scho viru knapp 8.000 Joer Wäin ugebaut. Méi dozou an der Infobox.

E sprëtzege wäisse Wäin ass en ideale Begleeder fir laang Partien op Summerowender. Op där aner Säit wierkt roude Wäin bal wéi e Schlummertrunk. Mee firwat gëtt ee vu roudem Wäin méi séier midd, Mr Science?

Dat ass nach net 100% gekläert. Wéi Wëssenschaftler am Joer 2006 fir d’éischt an e puer Roudwäinzorten de Schlofhormon Melatonin nogewisen hunn, huet ee geduecht, datt een de Grond fir d’Middegkeet fonnt hätt. An eisem Kierper gëtt nämlech och Melatonin am Zweschegehir syntheetiséiert an dee steiert eist Schlofverhalen. En héije Melatoninspiggel mécht midd, een ze déiwe mécht d’Schlofe méi schwiereg.  Melatonin, a verschidden änlech Verbindunge goufe mëttlerweil a verschiddene Riefzorten, am Drauwejus, an am Wäin nogewisen.

Et gouf awer bis ewell a kenger wëssenschaftlecher Studien ënnersicht, ob Melatonin am roude Wäin tatsächlech den direkten an den eenzege Grond fir den aschléiferenden Effekt ass. Ausserdeem goufen änlech Konzentratioune Melatonin och a verschidden Zorten wäisse Wäin fonnt. An dat schwätzt also géint déi Hypothees.

Wat kéinten dann aner Grënn sinn?

Well roude Wäin dacks réischt méi spéit am Dag an a Kombinatioun mat engem kräftegen Owendiesse consomméiert gëtt, kéinten den Zäitpunkt, d’Quantitéit sou wéi d’Verdauung vum Iesse wat dobäi war, och verantwortlech sinn. Awer dat ass och just eng Hypothees an ass net bewisen.

Firwat och ëmmer – mir bleiwen dobäi datt roude Wäin e Schlummertrunk ass?

Dat hunn zumindest och 60 % vun de knapp 30.000 Befrote vun enger Studie aus 21 Länner behaapt, wou se uginn hunn, wéi eng Gefiller si beim Konsum vu verschiddenem alkoholeschem Gedrénks hunn.

Awer et heescht net onbedéngt datt et e gudde Schlummertrunk ass. Den Alkohol mécht natierlech och allgemeng midd, mee - virun allem wann en a gréisserer Quantitéit consomméiert gëtt – hu mer keen erhuelsame Schlof. De Kierper muss sech entgëften. Ass dat gepackt gi mer onroueg. Mir erwäche méi heefeg, mir hunn Duuscht well den Alkohol eis deshydratéiert, da schlofe mer méi schlecht an a sinn den Dag drop geriedert.

Infobox

Schlofhormon

Den Hormon Melatonin suergt am Kierper derfir, datt eis ënnerlech Auer am Takt bleift. Unhand vu senger Konzentratioun am Kierper beaflosst et, wéini mer schlofen a wéini mer waakreg sinn. Gebilt gëtt den Hormon virun allem an der Epiphyse. Déi gëtt och Zirbeldrüs genannt an ass Deel vum Tëschegehir. Awer et gëtt och an der Netzhaut vum Aen an am Daarm gebilt.

Dat Besonnescht drun: Wann et ronderëm eis hell ass, ënnerdréckt eise Kierper d’Produktioun vum Hormon. Eréischt wann et däischter gëtt, gëtt d’Produktioun eropgefuer. De Melantonspigel klëmmt da bei jonke Leit bis em dat 12-facht; am Alter ëmmerhin nach em e Facteur 3. Dat ass ee Grond dofir, firwat eeler Leit an der Moyenne manner schlofen. Änlech Auswierkungen huet et och, wann eisen Dag-Nuecht-Rhythmus gestéiert ass. Duerch en Jetlag zum Beispill. Oder duerch d’Nuetsschicht.

Fir eis an de Schlof ze féieren, ass awer anscheinend net déi eenzeg Funktioun vum Melatonin. Als Antioxidant soll et och fräi Radikaler bannen an et mécht dat anscheinend duebel sou effikass wéi Vitaminn E.

Mënsch a Wäin

De Wäin begleet d’Mënschheet scho säit Joerdausenden. A Georgien goufe scho viru knapp 8.000 Joer Wäin ugebaut. Eng vun den éischte Kelteranlagen, an där d’Drauwen zu Saaft gepresst goufen, soll méi wéi 7.000 Joer al sinn a stoung op dem Gebitt wou haut den Iran ass. Vitis vinifera heescht déi edel Wäirief op laténgesch. Hier Friichte liesen d’Mënschen haut weltwäit. D’Ampelografie – sou nennt sech d’Léier vun de Riewen – kennt iwwer 10.000 verschidde Riefzorten.

Déi kleng Biere ginn op verschidden Aart a Weise benotzt. Tafeldrauwen nennt een déi, déi als Uebst ugebaut ginn. Kelterdrauwe ginn zu Saaft gepresst, deen da gedronk gëtt oder zu Wäin vergäert gëtt. Aus de Pressréckstänn (Trester) kënnen Drëppen wéi Grappa oder Arak gebrannt ginn. Gedréchent Drauwe si Korinten, an och d’Blieder vun der Planz gi genotzt: a gedréchenter Form gi se géint Péng an de Been oder Krämp an de Wuede verschriwwen. An de Schuelen – besonnesch an den donkelen Zorten – stieche sekundär Planzestoffer, deenen hier medezinesch Wierksamkeet ënnersicht gëtt.

Auteuren: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld & Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

De Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Quellen

Auch interessant

D'Wierkunge vun der Spermaflëssegkeet Ass Sperma gesond?

Bei ville Koppele gehéiert Oralverkéier beim Sex dozou. Zum Schluss kënnt d'Ejakulatioun. Ass et gesond, de Sperma ze sc...

FNR
Wissenschaftlicher Kenntnisstand Welche gesundheitlichen und sozialen Folgen hat der Freizeitkonsum von Cannabis?

Zusammenfassung der wissenschaftlichen Erkenntnisse über die Folgen von psychoaktivem Cannabis auf das körperliche, psyc...

FNR
Schlaf-Studie Eine nationale Studie über Schlafqualität zur besseren Vorbeugung neurodegenerativer Erkrankungen

Eine Online-Umfrage mit 55- bis 75-jährigen Einwohnern Luxemburgs ist der erste Schritt einer neuen Langzeitstudie zur V...

Auch in dieser Rubrik

Genetik Kënnen DNA-Tester eis soen, wou mir hierkommen?

Kann ee mat engem DNA-Test erausfannen, wou seng Vireltere gewunnt hunn?

FNR
Eidechse ohne Schwanz
Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR
Mr Science  Wéi kënnen Buedemdéieren eis am Kampf géint de Klimawandel ënnerstëtzen? 

Mikroorganismen, wéi Bakterien a Pilzer, am Buedem zersetzen dem Mr Science säi Kalzong bannent 6 Wochen quasi komplett mee si kënnen nach vill méi...  

FNR, RTL