Harvard, Oxford, Zürich, Heidelberg…mat der Jorhonnerten aler Traditioun vu sou renomméierte Fuerschungsstanduerter ka Lëtzebuerg nach net mathalen. Zwar gëtt et am Land schonns zanter längerem Privat-Entreprisen, déi hei och Fuerschungszentren opgebaut hunn, wéi z.B. déi deemoleg Arbed, oder d’Goodyear. Ma ëffentlech Fuerschung gëtt et bei eis réischt zanter 25 Joer, d’Uni réischt zanter 10 Joer.

Eng kuerz Zäit fir e Fuerschungsstanduert – ma och eng Zäit an däer vill geschitt ass: An däer vun öffentlecher Säit kontinuéierlech méi investéiert gouf, nei Akteuren, nei Fuerscher an nei Fuerschungsdomainer derbäi koumen, an nei Strukture geschaf goufen. D’Akzeptanz vun der Bevölkerung ass mëttlerweil op engem Punkt, dass - laut enger rezenter Telefonsenquête - 66% vun de Leit mengen, dass soll verstäerkt an d’Fuerschung investéiert ginn – an dat an Zäite vu Kriis a budgetairen Engpäss.

Gläichzäiteg fillen sech, laut däer statistesch representativer Enquête, awer och vill Leit net genuch informéiert iwwert dat, wat hei an der lëtzebuerger Fuerschung leeft - a wéilten och gäer méi driwwer wëssen, wat d’Zieler vun de Fuerschungsaktivitéite, wat konkret Applikatioune sinn.

Grond genuch mol d’Lëtzebuerger Fuerschungslandschaft ze skizzéieren a Leit zu Wuert kommen ze loossen, déi selwer fuerschen oder mat bestëmmen, wou d’Fuerschung an den nächste Jore wäert histeieren. Dëst ass de Contenu vun der éischter Emissioun vum "Café scientifique", diffuséiert um Radio 100,7. Hei ënnendrënner fannt der e Resumé vun der Emissioun. Déi ganz Emissioun vum café scientifique fannt der am Archiv vum Radio 100,7:

http://www.100komma7.lu/files/1/6/246434_cafe-scientifique.mp3

Firwat brauch Lëtzebuerg eng eege Fuerschung?

Den neie Fuerschungsminister, de Claude Meisch, ass der Meenung, dass Lëtzebuerg eng eege Fuerschung brauch. Lëtzebuerg wier e Land mat engem héije Liewensstandart. Dat géif dorobber berouen, dass mer eng performativ Economie hätten. A fir eng performant Economie ze hunn, misst ee kompetitiv sinn - méi kompetitiv wéi anerer. An dat géif haut nëmme goen, wann ee ganz mat fir bäi wier wann et em technologesch oder methodologesch Entwécklunge geet. An dofir misste mer vier mat derbäi sinn a mat fuerschen, fir dat eent oder dat anert zu Lëtzebuerg unzewenden an ëmzesetzen. "Fuerschung hëlleft eis als Industriestanduert, als Finanzplaatz, als Verwaltungsplaatz an a ganz villen aneren economesche Secteuren. Fuerschung kann awer och derzou bäidroen, [...] deene gesellschaftlechen Erausfuerderungen, déi mer hunn an engem klénge Land wéi Lëtzebuerg - wat ganz spezifesch Erausfuerderunge sinn - [...] fir och do kënnen ze guidéieren, ze analyséieren, ze hannerfroen an nei Pisten opzemaachen, wéi ee mat sou gesellschaftleche Problemer kann ëmgoen."

Investissementer an d'Fuerschung

Wat d'Investissementer an d'Fuerschung ugeet, hällt déi nei Regierung un der Linn vun der aler fest: d‘Fuerschung soll weider wuesse kënnen, wann och net méi an deem Mooss wéi bis elo, wëll laut Claude Meisch et sech heibäi em Investitiounen an d'Zukunft handelt - mat zukünftege Retombéen.

Fir d’Investissiounen an d’Fuerschung kuerz z’illustréieren, hei e puer Zuelen: goufen am Joer 2000 insgesamt 28 Milliounen EUR öffentlech Gelder an d’Fuerschung investéiert, woren et am Joer 2012 schonns 280 Milliounen, also 10 mol méi. Am Kader vun der Strategie „Europe 2020“ engagéiert sech Lëtzebuerg, dass d’Investissementer an d’Fuerschung mussen tëscht 2,3 an 2,6% vum PIB sinn – dovunner 0,7 bis 0,8 % an déi ëffentlech Fuerschung. Elo sti mer bei 0,66%. D’laangfristegt Ziel zu Lëtzebuerg ass, 1 % vum PIB an déi ëffentlech Fuerschung z’investéieren.

Ëmmer méi Top-Fuerscher kommen op Lëtzebuerg

Dat kloert Bekenntniss vun der Regierung weiderhin d’Fuerschung ze förderen ass dann och ee vun de Grënn, firwat Lëtzebuerg iwwert déi lescht Joren sou vill opbaue konnt – an och de Grond firwat an de leschte Joren ëmmer méi Top-Fuerscher op Lëtzebuerg komm sinn. Ma och den Emstand, dass d’lëtzebuerger Fuerschung nach sou jonk ass, ass net nëmmen en Nodeel: hei ass een nach flexibel an d’Fuerscher kënnen nach eppes neits opbauen, seet z.B. de Björn Ottersten, Direkter vum SnT, dem Center for Security, Reliability and trust vun der Uni Lëtzebuerg.

Ähnlech denkt de Jens Kreisel, Direkter vum Departement fir Materialwëssenschaften um Centre de Recherche Public, kuerz CRP, Gabriel Lippmann, deen aner Offeren oofgeleent huet, fir sech hei zu Lëtzebuerg néier ze loossen. Et ginn awer och an der lescht ëmmer méi lëtzebuerger Fuerscher, déi no laangem Openthalt am Ausland nees zréck op Lëtzebuerg kommen, wéi z.B. d’Pascale Engel de Abreu vun der Uni Lëtzebuerg.

Klengen Historique vun der ëffentlecher Fuerschung zu Lëtzebuerg

Centre de Recherche Public, Privat Fuerschungszentren, SnT, Uni…sou e klengt Land, sou vill Akteuren – do kann ee mol duerchernee ginn. Vläit sollte mer op desem Punkt eng Kéier zréckkucken, op d’Geschicht vum lëtzebuerger Fuerschungsstanduert, fir déi eenzel Akteure besser kennenzeléieren an ze verstoe wee wat mëcht. Dobäi konzentréire mer eis hei (an der éischter Emissioun vum Café scientifique) op d’Akteuren aus der ëffentlecher Fuerschung.  

Hei fänkt alles un am Joer 1987, mam CRP’s-Gesetz – dat an Ulehnung un en europäesche Programm fir Fuerschung an technologesch Entwécklung opgesat gouf. Ganz en ligne also mat dem deemolegen europäesche Viersaatz, verstäerkt a Fuerschung an Innovatioun z’investéieren. Dest Gesetz huet et erméiglecht, ëffentlech Fuerschungszentren ze grënnen. Dest wore fir den Ufank de CRP Gabriel Lippmann, deen sech deemols haaptsächlech mat Material- an Informatiounstechnologien souwéi mat Nohaltegkeet beschäftegt huet – an de CRP Henri Tudor, deem séng Aufgab et wor technologesch Innovatiounen ze förderen, souwéi Technologietransfer, Berodung vun Entreprise a Weiderbildungsofferen.

1 Joer méi spéit gëtt dann de CRP Santé gegrënnt, deen an Zesummenaarbescht mam Centre hospitalier an dem Laboratoire national de santé am Beräich Biomedezin fuerscht, z.B. iwwer Virussen, Kriibs, oder Häerzkrankheeten.

Nach emol ee Joer méi spéit, also 1989, gëtt dann de CEPS/INSTEAD zu engem öffentlech-rechtlechen Institut. Séng Aufgab: Studien iwwert d’Bevölkerung, Aarmut oder zu anere sozialen a wirtschaftspolitesche Froestellungen ze man. A schonns hate mer no kuerzer Zäit hei am Land 4 Centre de Recherche Publics, déi et och haut nach gëtt.

No dëser Ufangsphase, an däer e gewëssene Pionéiergeescht walte gelooss gouf, wor et dunn un der Zäit niewt enger Fuerschung och eng Fuerschungspolitik op d’Been ze stellen an d’Fuerschung méi ze strukturéieren. Am Joer 1999 kritt Lëtzebuerg dowéint fir d’éischt e Fuerschungsminister, an der Persoun vum Erna Hennicot-Schoepges. An ausserdeem en neien Akteur an der Fuerschungslandschaft: den FNR, de Fonds National de la Recherche.

Den FNR gesäit sech an éischter Linn als eng Organisatioun, déi fir d'Qualitéit vun der Fuerschung do ass, seet de Marc Schiltz, Generalsekretär vum FNR. An dëst iwwert de Wee vun engem System vu Qualitéitsiwwerpréiwung, deen international Critèren erfëllt. Dat funktionnéiert sou: Fuerscher respektiv Institutioune reesche Projete beim FNR ran, mat enger Demande de Budget. Auslännesch Experten evaluéieren déi dann a maachen eng Propositioun, ob de Projet soll zousätzlech finanzéiert ginn oder net. Op déi Mannéier kréien also déi bescht Projeten zousätzlech Gelder.

Investissiounen an Domainer, déi fir Lëtzebuerg besonnesch wichteg sinn

Fir d’Steiergelder sou gutt wéi méiglech an Domainer z’investéieren, déi fir Lëtzebuerg wichteg sinn, huet den FNR an de Joren 2006 a -7 eng sougenannt Foresight Studie duerchgefouert: hei hunn sech Fuerscher mat Akteuren aus der Gesellschaft an der Ekonomie zesumme gesat. Zesummen hu sie Domainer identifizéiert, déi Lëtzebuerg vierun Erausfuerderunge stellen, a wou Fuerschung kéint e wichtege Bäitraag leeschten. Bei dëser Foresight Etude koume puer Domainer raus, déi den FNR zanterhier prioritär finanzéiert, sou de Marc Schiltz. Dëst sinn d'Beräicher vun de Servicer (mat engem Fokus op Kommunikatiouns- an Informatiounstechnologien), der Biomedezin, de Materialwëssenschaften, den Edukatiounswëssenschaften an den Sozialwëssenschafte mat engem Fokus op Aarbescht, Multikulturellt Zesummeliewen an Identitéit.

D'Uni Lëtzebuerg

Zanter 2003 huet eist Land dann och eng Uni, de leschte grousse Bausteen, deen de Fuerschungsstanduert kompletéiert. D'Uni spillt eng besonnesch Roll an der lëtzebuerger Fuerschungslandschaft, seet de Ludwig Neyses, Vizerekteur fir Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg.  Am Ënnerscheed zu den aneren Instituter gëtt nämlech op der Uni Fuerschung mat der Léier kombinéiert.

No enger gewësser Ufangsskepsis schéngt d’Uni lo ukomm ze sinn an der Gesellschaft. Och sie huet puer Gebidder, op déi sie sech spezialiséiert huet. Dat sinn d'Beräicher Biomedezin (mat dem LCSB als interdisziplinärem Zentrum), ICT-Sëcherheet (mat dem SnT als interdisziplinärem Zentrum), Edukatiounswëssenschaften, Europarecht an europäesch Finanzen.

Déi neisten Akteuren

De leschten ëffentlech finanzéierten Akteur, deen derbäi koum, ass d’IBBL, d’Integrated Biobank of Luxembourg, Enn 2008. Si stockéiert an analyséiert ënnert anerem Haut-, Blut- an Urinprouwe vu Patienten, déi dann an der Fuerschung, z.B. vum CRP Santé oder vum LCSB, kënnen genotzt ginn. Ma erfreelech ass och, dass zanter 2012 dat international renomméiert Max-Planck-Institut sech hei um Kierchbierg néier gelooss huet a sech mat europäeschem Recht befaasst.

De Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ass also wéi mer gesinn zwar jonk, ma en huet schonns éischt international visibel Resultater vierzeweisen. Ma de Marc Schiltz mengt, dass de System grad un engem kruziale Punkt ukomm ass: Op engem Punkt, wou déi bishereg Efforte misste fructifiéiert ginn. Wann een sech déi entscheedend Moyen'en dofir net géif ginn, kéint Lëtzebuerg ganz séier an d'Mëttelméissegkeet zréckfalen. Ziel sollt awer sinn: Qualitéit an Exzellenz.

Wou kann de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg sech nach verbesseren?

Et ginn awer natielech och nach eng Reih Punkte, wou Lëtzebuerg sech verbessere muss. De Ludwig Neyses mengt z.B. dass een onbedéngt an Zukunft verstäerkt op Qualitéit misst setzen. De Jens Kreisel ass der Meenung, dass d’Zesummenaarbescht mat der Privatindustrie an tëscht deenen eenzelnen Instituter nach sollt besser ginn. Hie mengt awer och, dass an Zukunft misst méi strukturéiert a fokusséiert geschafft ginn. Ganz däer Logik entsprëcht dann och, dass hien sech em d’Fusioun vun de CRPen Gabriel Lippmann an Henri Tudor am Beräich Materialwëssenschaft këmmert.

Ab 2015, no der Fusioun vun deenen 2 CRP’en, wäert et also een Akteur manner hei zu Lëtzebuerg ginn. Eppes wat de Fuerschungsminister begréisst. Domadder gëtt hien och déi weider Richtung fir: Kräfte bündelen, fir a puer Domainer internationale Spëtzenniveau ze erreechen. Ausserdeem, wéi am Ufank gesot: eng verstäerkt Ausriichtung vun der öffentlecher Fuerschung un der Ekonomie, an domadder an engems: eng verstäerkt Collaboratioun tëscht den öffentlechen an de private Fuerschungsakteuren.

Op déi gi mer dann an der nächster Emissioun vum café scientifique an. Do schwätze mer mat Spezialisten iwwert den ökonomeschen Impakt vun der Fuerschung, also: wéi kann een aus Fuerschungsresultater boer Mënz man? Oder an anere Wieder: Wéi gëtt aus engem Fuerschungsresultat e kommerzialiséierbare Produit? Wéi kritt een duerch Fuerschung Lizenze verkaf, Firmen op Lëtzebuerg gelackelt?

Mir hoffen dir sidd nees mat derbäi, an der nächster Emissioun vum café scientifique, Freides den 21. Februar, um Radio 100,7 - an e puer Deeg drop dann och hei bei eis op science.lu.

Auteur: Jean-Paul Bertemes

 

Researchers at School 2024 Fuerscher ginn zréck an d'Schoul!

Bei der Aktioun "Researchers at School", déi vum 11. bis den 15. Mäerz 2024 stattfënnt, léiere Lycéesklasse Fuerscher a ...

FNR
Gesundheit Welche Auswirkung hat die Trennung der Eltern auf das Körpergewicht ihrer Kinder?

Forscher aus Luxemburg und London haben festgestellt: Nach einer Trennung der Eltern steigt der Body-Mass-Index (BMI) de...

EU-Austritt Großbritanniens Welche Folgen hat der Brexit für die Europäische Forschung?

In der EU zählt Großbritannien zu den wichtigsten Forschungspartnern. Entsprechend besorgt ist die Wissenschaft mit Blic...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – März 2024

Was sagt die Wissenschaft über "hypoallergene" Tiere? Wie groß war der größte jurassische Skorpion? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Januar / Februar 2024

Wie hat sich die Tradition des Buergbrennen entwickelt? Gibt es einen Zusammenhang zwischen Allergien und Gehirnkrebs? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg - Dezember 2023

Eine Methode zur Vorhersage von Flutkatastrophen; ein unbekannter Regenwurm; ein Protein, das unsere Gene schützt: Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

FNR Awards 2023 Preise für herausragende Forschung, Mentoring und Wissenschaftskommunikation in Luxemburg

Entdecke die Gewinner und die Shortlist der diesjährigen FNR Awards, die im Oktober verliehen wurden.